1A Rue Christophe Plantin - L-2339 Luxembourg
Tél: 49 14 57-1 Fax: 49 14 58
email: infos@patientevertriedung.lu
Parlamentarische Anfragen 2009 - 2010

Question 0063 du 9 septembre 2009, M. COLUMBERA Jean, Question parlementaire à M. Mars Di Bartolomeo: «Information médicale»


D'Patienten hunn e Recht op eng neutral, novollzéihbar a qualitativ héichwerteg Informatioun iwwert Krankheeten, Behandlungen a Medikamenter. Nëmmen esou kennen se gudd informéiert Entscheedungen huelen.

No enger däitscher Etude ass all 3. Patient duerch d'Packungsbeilaag vu Medikamenter veronsechert. D'Informatiounen wären weder ze liesen nach ze verstoen.

Dës Problematik gëtt nach verschärft duerch d'Offer vu Medikamenter um Internet.
Och d'Mobilitéit vun de Patienten déi sech duerch d'ganz europäesch Unioun kënne behandelen loossen, werft de Problem vun der Informatioun op, z.B iwwert hier spezifesch Rechter am Land wou se medizinesch versuegt ginn.

Dofir hun ech folgend Froën un Iech:

1) Wat fir Moosnamen denkt de Minister ze huelen fir datt d'Patienten am allgemengen besser informéiert ginn?

2) Wat envisagéiert de Minister ze ënnerhuelen fir spezifesch d'Informatiounen iwwert d'Medikamenter ze verbesseren, och am Bléck op déi besonnesch Sprochesituatioun am Land?

3) Wat ass virgesinn fir d'Patienten besser iwwert hier Rechter opzeklären souwoul bei Behandlungen am Land wéi och am Ausland?



Réponse de Mars Di Bartolomeo (12 octobre 2009)


D'Informatiounen déi op der Packungsbäilag vum Medikament steht, sinn zimlech strikt duerch eng EU Directive geregelt, déi och am lëtzebuerger Recht iwwerholl ginn ass. Den Text vun där Bäilaag as en Deel vun der "Autorisation de mise sur le marché". Lëtzebuerg erkennt déi Genehmegungen un déi entweder zentral fir déi ganz
EU oder an engem Nopeschland erdeelt ginn, wann den Antragsteller sech z.B op eng belsch oder däitsch Genehmegung berifft.

D'Bäilag muss entweder op franzéisch oder däitsch verfaasst sinn.

D'Informatiounen op der Packungsbäilag si besonneg wichteg bei deene Medikamenter, déi méi grouss Niewewierkunge kënnen hunn. Déi Medikamenter sinn awer och all rezeptpflichteg. Ech ginn dervun aus, dass e gewëssenhaften Dokter am Kader vu sénger Informatiounspflicht säi Patient voll opklärt iwwert d'Medikamenter déi hien him verschreiwt, sou datt en net op d'Packungsbäilag ugewisen ass. Dat selwecht gëlt och fir den Apdikter, deen dem Patient d'Medikamenter gëtt.

Wat d'Verschécke vu Medikamenter ubelaangt, déi iwwert Internet bestallt ginn, sou huet en Uerteel vum europäesche Geriichtshaff déi Praxis erlabt, awer nëmme fir net rezeptpflichteg Medikamenter.

Wann also e Lëtztebueger sech e Medikament iwwert dee Wee verschaaft, kënnt et sinn, datt d'Beschrëftung nëmmen zum Beispill op englesch oder hollännesch ass. Ma de Patient weess jo dann, wat e mecht, a muss sech den eventuelle Konsequenze bewosst sinn. Ma ech widderhuelen datt déi net rezeptpflichteg Medikamenter normalerweis och méi onbedenklech sinn.