Question 0021 du 4 août 2009, M. COLOMBERA Jean, Question parlementaire à M. Mars Di Bartolomeo: «Budget de la Caisse Nationale de Santé»
Elo wou d'Wahlen eriwwer sinn, kommen alarmant Meldungen aus der Presse. Do gëtt en Defizit vun der Gesondheetskees fir 2010 vun 90, oder 125 Milliounen € gemellt.
1) War de Här Minister virun de Walen iwwert den annoncéierten Defizit informéiert?
2) Wéi sin d'Prognosen iwwert den Ofschloss vun de Konten vun der Gesondheetskees fir d'Joer 2009?
3) Wéi sin d'Prognosen fir de Budget vun der Gesondheetskees fir 2010?
4) Wat sin d'Ursaachen fir e méiglechen Defizit an de Joeren 2009 respektiv 2010?
5) Wellech Moosnahmen schléit de Minister vir, fir datt de Budget vun der Gesondheetskees, esou wéi d'Gesetz et virschreift, am Equiliber bleift?
Réponse de Mars Di Bartolomeo (1 septembre 2009)
Am Abrëll hunn déi makroekonomesch Donnéen erginn, dass fir 2009 mat engem Iwwerschoss vun 9.4 Mio kënnt gerechnet ginn.
Am Mee gouf den Dékont vun 2008 opgestallt, den 25.3 Mio Iwwerschoss ausgewisen huet.
Am Juni koum den éischten Tableau mat de Schätzungen fir 2010. An dem Tableau goufen déi nei Wirtschaftsparameter verschafft. Duerch d'Delegatioun vun den Donnéen iwwer d'Beschäftegung ass den Iwwerschoss vun den Ausgabe geschat ginn, den 74.7 Mio ausmecht.
Déi Ziffere sinn am Juli op Grond vun denen neitste Parameteren nei ugepasst gin, a weisen e geschätzten Ausgabeniwerschoss vu ronn 90 Mio fir 2010 aus. Sou ass di Entwécklung vun der CNS hire Prognosen ze erklären.
En Tableau am Mount Juli weist fir 2009 e méiglechen Defizit vun 8.2 Mio aus.
D'Ursaache fir den Iwwerschoss vun den Ausgabe sinn an der Haaptsaach beim Réckgang vun den Einnahmen ze sichen, deen op d'Entwécklung vum Emploi zeréckzeféieren ass.
Fir 2010 muss d'CNS e Budget virschloen dén am Equiliber ass. Et ass also kloer dass den Iwwerschoss vun Ausgaben duerch verschidde Mesure muss ausgeglach ginn.
D'CNS huet e Katalog mat méigleche Mesuren opgestallt. Déi ginn elo an enger Virdiscussioun mat de Sozialpartner analyséiert. An der Quadripartite vum 7. Oktober kënnt et zu enger Konzertatioun tëscht alle Partner.
Duerno muss am Hierscht am Comité directeur vun der CNS décidéiert gin wellech Moosnamen zeréckbehal ginn. Et ass am Moment nach ze fréi fir de Massnahmekatalog öffentlech ze discutéiere well virdrun d'Sozialpartner sech musse kënnen doriwwer aussprieche, wellech Décisoune mat der Regierung zesummen ze huele sinn.