1A Rue Christophe Plantin - L-2339 Luxembourg
Tél: 49 14 57-1 Fax: 49 14 58
email: infos@patientevertriedung.lu
Parlamentarische Anfragen 2008 - 2009

Question 0010 du 22 juillet 2009, M. COLOMBERA Jean, Question parlementaire à M. Mars Di Bartolomeo: «Frais d'ambulance»


Am Fall wou keng Noutsituation besteet iwwerhëlt d'Gesondheetskees d'Ambulanzkäschten zu 70% wann den Dokter eng Ordonnace schreift. Dest gelt wann de Patient léien muss oder immobiliséiert ass. Wann de Patient am sëtzen transportéiert gëtt, iwwerhelt d'Gesondheetskees d'Käschte net.

An der Praxis gëtt et awer och Patienten, z.B eeler Leit, déi regelméisseg op eng Ambulanz ugewise sin fir eng medizinesch Fleeg ze kreien. Et si Lait déi sech net eleng kennen déplacéieren.

Eng weider onsenneg Regel limitéiert d'Transporter mat der Ambulanz an en Rehabilitatiounszenter op 20 Fahrten.

Ass de Minister net och der Meenung datt all Transport an enger Ambulanz deen op Grond vun enger Ordonnance vun engem Dokter duerchgeféiert gëtt, muss vun der Gesondheetskees iwwerholl ginn?

Wat wëllt den Här Minister ënnerhuelen fir datt d'Gesondheetskees all Ambulanztransport iwwerhëlt deen vun engem Dokter ordonnéiert ass?



Réponse de Mars Di Bartolomeo (1 septembre 2009)


D'Argumenter vum Här Deputéierten Jean Colombera dat all Krankentransport op en einfacht Rezept vum Dokter iwweroll soll ginn, steet am Widdersproch zu deene Moossnamen, déi 1997 bei der Straffung vun de Statuten geholl gin sinn, fir d'Iwwerhuelen vun de Transportkäschten ze begrenzen. Dës Moossnahmen sin deemools geholl gin fir d'Käschtenexplosioun ze verhënneren. Di nei Bedingungen fir eng Prise en charge (Transport am Leien oder immobiliséiert) sollten d'Doktoren beim Ausstellen vun de Rezepter méi responsabiliséieren.

D'Iwwerhuelen vun den Transportkäschten fir funktionell, geriatresch oder cardiologesch Reedukatioun gouf op Beschloss vun der Generalversammlung vun der deemooleger UCM den 15. November 2006 op de Maximum vun 20 Behandlungsdeeg festgesat.

Fir awer Härtefäll ze verhënneren, déi duerch di erwähnten Limitatiounen entstane sinn, sinn Ëmännerungen vun de Statuten am Transportbereich am Gaang ausgeschafft ze ginn. Dës Ëmännerungen mussen awer nach vun de Sozialpartner an de Gremiumen vun der Gesondheetskeess guttgeheescht ginn.