1A Rue Christophe Plantin - L-2339 Luxembourg
Tél: 49 14 57-1 Fax: 49 14 58
email: infos@patientevertriedung.lu
Parlamentarische Anfragen 2008 - 2009

Question 3334 du 12 mai 2009, M. Aly Jaerling à M. Mars Di Bartolomeo: "eSanté"


Seit geräumer Zäit ass den Internet-Site vum Gesondheetministär grondop erneiert gin.

Wann een dëse Site consultéiert, fällt op dass den Thema e-santé net duergestallt ze si schéngt.

Kann den Här Minister dës Impressiounen bestätigen oder gett et op dem Site Informatiounen iwwer den nationale Programm e-santé ?

As daat wichtegt Dokument « Plan Action e-santé » aus dem Joër 2006 op dem Site ze fannen, wéi dat an der Schweitz oder an Eisterräich de Fall as?

Wéi ee Matsproocherecht kréien d’Patientevertrieder zu Lëtzebuerg an der Gestaltung vun der e-santé Strategie an hirer Emsetung ?



Réponse du gouvernement


Regierung as beméit d’Emsetzung vum nationale Plang am Beräich vun de Gesondheetstechnologien schrëttweis, transparent, an am Dialog mat de Professionnellen an de Patienten unzegoen.

An der Informatiouns « Newsletter » Insight SantéSécu Nummer 3/2008 goufen di grouss Zich vum nationalen e-Santé Plang virgestallt.

An der Nummer 2/2009 gouf de Portail Santé an de « Carnet Radiologique » méi am Détail beliicht. Dës Publicatiounen si verfügbar: http://www.mss.pulbic.lu/publications/infoletter/index.html.

Um Portail vun der Santé as eng Rubrique iwwert de nationalen e-Santé Plang ageriicht ginn: http://www.sante.public.lu/fr/systeme-sante/programme-esante/index.html.

Eis Beméihungen vun Transparenz gin och weiderhin an der Zukunft weidergefouert.