1A Rue Christophe Plantin - L-2339 Luxembourg
Tél: 49 14 57-1 Fax: 49 14 58
email: infos@patientevertriedung.lu
RTL.lu - 2,50€ fir CNS: Mesure gëtt am Oktober iwerschafft
Logo: RTL.lu

2,50€ fir CNS: Mesure gëtt am Oktober iwwerschafft

Zanter dem Ufank vum Joer bezilt een am Spidol 2 Euro 50 wann een an der Polyklinike vun engem Spidol passéiert. Déi Mesure war am Kader vun der Sanéierung vun der Gesondheetskeess, an awer och fir déi falsch Urgencen aus de Spideeler eraus ze hale, geholl ginn.

Et gouf jo scho vill Diskussiounen do rondrëm, notamment well am Ufank Patienten déi 2 Euro 50 och alt emol e puer mol gefrot kruten, wa se an engem Dag bei méi Dokteren an der Klinik passéiert sinn. Dat ass an der Tëschenzäit awer net méi de Fall, mä korrekt leeft et awer nach net.

De Frank Kuffer krut esou eng Rechnung iwwer 2 Euro 50 geschéckt. Richteg, geschéckt wuel verstan, mat der Post, mat Timber also. Et war een normale Rendezvous beim Dokter an der Klinik fir ee Sports-Häerz-Test, also laang ugefrot an nëmmen am Spidol ze maachen an awer 2 Euro 50.

A wann een do nach géif soen : Ok fir eng Kéier 2 Euro 50 ass net vill, da gëtt d'Saach awer scho méi schlëmm wann ee weess, dass Leit, déi wéinst chronesche Krankheeten zum Beispill 5 mol d'Woch eng Bluttanalyse musse gemaach kréien an der Klinik, och déi 2 Euro 50 mol 5 natierlech musse bezuelen.

Dat wier net logesch, sou de Gesondheetsminister. D'Mesure hat eigentlech ee steierende Charakter. Mat de Sozialpartner misst elo gekuckt ginnn, wou ka nogebessert ginn.

Déi Mesure muss also iwwerschafft ginn an dat soll am Oktober geschéien, seet de Minister. Et goung am Ufank drëm d'Leit ze sensibiliséiere mat klenge Boboen éischter an d'Maison Médicalen ze goen an net an d'Urgence oder méi richteg an d'Polyclinique. Falsch Urgencen sollten aus den Urgencen eraus gehale ginn.

Patientenvertriedung

An engem oppene Bréif un de Gesondheetsminister an un de President vun der Gesondheetskeess huet d’Patientevertriedung d’Ofschafe vun der Participatioun vun zwee an engem halwen Euro bei engem Passage an der Polyklinik gefuerdert. Well d’CNS dëst Joer e Boni vu knapp 25 Milliounen € mécht, misst déi Bedeelegung net méi sinn, schreift de President René Pizzaferri. De Gesondheetsminister an de President vun der Gesondheetskeess hunn dann och ugedeit, dass sech an dëser Saach eppes ännere misst.

Datum: 10.08.2011
URL: http://news.rtl.lu/news/national/118137.html