1A Rue Christophe Plantin - L-2339 Luxembourg
Tél: 49 14 57-1 Fax: 49 14 58
email: infos@patientevertriedung.lu
10.01.2012 - RTL.lu: 2.850 gefälschte Rechnungen: Dermatolog viru Geriicht
Logo: RTL.lu

2.850 gefälschte Rechnungen: Dermatolog viru Geriicht



Um Geriicht an der Stad huet um Dënschdeg de Moien de Prozess géint en haut 51 Joer alen Hautdokter ugefaangen. Dem Mann gëtt virgehäit, tëscht Januar 2005 a Februar 2008 ronn 2.850 gefälschte Mémoires d’honoraires eraginn ze hunn.

Well hien aner Codë benotzt huet, wäre Patienten integral rembourséiert ginn, amplaz nëmme wéineg erëm ze kréien. D’heiteg Gesondheetskeess hätt sou eng 160.000 € bezuelt, déi net geschëlt waren.

De Mann riskéiert dofir tëscht 5 an 10 Joer Prisong an eng Geldstrof vu bis zu 125.000 €. Den Ugekloten huet d’Faiten um Ufank vum Prozess kontestéiert a betount, keng Intentioun gehat ze hunn, fir ze fälschen.

E Polizist sot um Dënschdeg de Moien aus, eng Mataarbechterin vum Dokter hätt géint hie Plainte gemaach. Si huet ë.a. erkläert, dass de Medeziner fir seng Rechnungen ëmmer nees e Code gebraucht hätt am Zesummenhank mam Zerstéiere vu méi wéi 4 guttaartegen Hauttumeuren, an enger eenzeger Seance. D’Police hätt doropshin d’Computere vum Dermatolog saiséiert, fir weider ze kommen, sou den Enquêteur. Dem Vertrieder vum Parquet no hätt iwwregens op all zweeter Facture dee Code gestanen.

En Expert, den Direkter vum Contrôle médical, huet dono deklaréiert, hie wär vun der Gesondheetskeess mat dëser Affär befaasst ginn. Där hätt hien no enger Analys vun de Faite matgedeelt, et wär wahrscheinlech, dass e groussen Deel vun de Rechnunge vum Hautdokter falsch wär. Eenzel Patienten hätten, de Facturë vum Medeziner no, eng 200 Tumeure missen ewechgemaach kréien; Läinzeechen hätt ee bei deene Leit awer net gesinn.

Op d’Fro vum Vertrieder vum Parquet, wéi et méiglech wär, dass dës Faiten der Gesondheetskeess net opgefall sinn, huet den Expert geäntwert, dass do keng systematesch Relevéë gemaach goufen an den Doktere bis dohi vill vertraut gouf; hinne géif awer elo méi genee op d’Fangere gekuckt ginn. Tëscht dem Expert an dem Beschëllegte koum et doropshin zu enger Diskussioun iwwer ästhetesch a medezinesch Akten; den Direkter vum Contrôle médical huet dem Dokter an deem Kontext d’Fro no senger Deontologie gestallt. De Medeziner sot, hien hätt Saachen eben anescht interpretéiert, wéi et an den Texter stéing.

Fir dëse Prozess sinn nach zwee weider Deeg virgesinn.

Datum: 10.01.2012
Quelle: RTL.lu