
Waasserverpfleegung a Spideeler net assuréiert
Virum Hannergrond vun der Hëtzt mécht sech d’Patientevertriedung an engem Schreiwes un de Gesondheetsminister Suergen ëm eeler a krank Leit a Spideeler.A verschiddene Spideeler wär d’Verdeele vu Waasser net méi virgesinn, misste sech d’Patienten entweder selwer Waasser siche goen oder awer d’Famill oder Frënn froen, fir es matzebréngen. An deem Kontext freet d’Patientevertriedung de Mars Di Bartolomeo ëm Ënnerstëtzung.
Datum: 21.08.2012
Quelle: RTL.lu