
Generiquen: Den Ament nach Skepsis bei Patientvetriedung
Ronn 10% vum Budget vun der Gesondheetskeess fale fir de Remboursement vun de Medikamenter un. Dat waren 2010 zum Beispill 163 Milliounen Euro.
Dofir ass am Suivi vun der Gesondheetsreform virgesinn, datt d'Apdikter hir Cliente mussen drop opmierksam maachen, wann et fir Medikamenter, deenen hir Lizenz ofgelaf ass, equivalent a méi bëlleg, sougenannte Generique ginn. Den Dokter huet weiderhin d'Wiel ze verschreiwen, wat hie wëll an de Patient ze kafen, wat e wëll. Mä e gëtt awer op de Präis vum méi bëllege Generique rembourséiert. Um Mëttwoch hat d'Patientevertriedung eng Table Ronde iwwer d'Generiquen organiséiert.
Wéi steet si zum Thema, a wat soen d'Apdikter?
Fir d'Danielle Becker, d'Vize-Presidentin vum Syndicat vun den Apdikter, muss virun d'Qualitéit vum Generique garantéiert sinn. Dofir wéilt ee bei de Reuniounen derbäi sinn. Et misst eng Molekül duerch déi nämmlecht Molekül ersat ginn.D'Roll vum Apdikter ass et och, säi Client virun engem eventuellen „Double-Emploi“ ze warnen, also datt hien dat selwescht Medikament schléckt.
Decisioune wat fir Generique zou gelooss ginn, ginn an der Direktioun vun der Santé geholl. Et gesäit een awer net, wéi déi Decisiounen zu stane kommen, kritiséiert de President vun der Patientevertriedung, René Pizzaferri. Dat géing laanscht de Comité vun der Krankekees lafen.
Et kéint een net vun Transparenz schwätzen.
Déi Lëscht vu méigleche Medikamenter, déi kéinten duerch Generiquen ersat ginn, ass am Gaang op gestallt ze ginn. Do misst och eng Qualitéitskontroll derbäi sinn. De René Pizzaferri géing zweiwelen, datt d'Directioun vun der Santé dat kéint maachen.Och wa se net kategoresch géint d'Generiquen ass, iwwerweit awer den Ament fir d'Patientevertriedung d'Skepsis. Et misst een all Decisioun novollzéie kënnen.
D'Apdikter hirersäits musse kucke mat der Gestioun an de Fraise vu méi grousse Stocken a mat parallel méi niddrege Margen eens ze ginn, mä esou d'Danielle Becker, d'Apdikter wiere bereet hir Responsabilitéit z'iwwerhuelen, och wann een net glécklech doriwwer wier.
An engem Punkt ware sech de René Pizzaferri an d'Danielle Becker awer eens, et hätt net esou wäit misse kommen.
D'Diskussioun ëm d'Generiquen ass deemno nach net zu Enn gefouert, mä en attendant, wéi heescht et ëmmer am Kontext vu Medikamenter: “Iwwer Risiken a Niewewierkunge, Frot ären Dokter oder Apdikter“ !
Datum: 18.10.2012
Quelle: RTL.lu