
Patientevertriedung: 28 Fuerderungen un d'Regierung
D'Patientevertriedung huet um Mëttwoch hir Fuerderungen un déi nächst Regierung publik gemaach, et sinn der am ganzen 28.
D'Patientevertriedung setzt sech zum Beispill dofir an, datt d'TVA op Medikamenter an d'Zousazhonoräre fir Dokteren ofgeschaf ginn. Donieft fuerdert d'Asbl nach besser Infrastrukture fir psychesch a psychosomatesch krank Mënschen oder nach d'Unerkenne vun alternative Behandlungsmethoden.
Allgemeng misst d'Medezin méi accessibel, d'Qualitéit an d'Kontroll vun de Servicer verbessert an déi fräi Tarifikatioun a bestëmmte Beräicher ofgeschaf ginn. D'Parteie kruten dee Revendikatiounskatalog iwwregens schonn de 15. August iwwerginn.
(Link zu rtl.lu mit dem Originalartikel und des dazugehörenden Radioberichts)
(Link zu rtl.lu mit dem Originalartikel und des dazugehörenden Fernsehberichts)
Quelle: RTL.lu
Datum: 19.09.2013