Öffentleche Bréif : Prise en charge vun Net-COVID-19 Patienten betreffend
D'Patiente Vertriedung huet een oppenen Bréif un d'Regierung an un d'Gesondheetsministesch geriicht:
Dëst ass zu engem d'Besuchsrecht vun den Patienten an den Klinicken ewéi bei den Eeleren Leit an den Alters- Fleegeheimer, an zum zweeten d'Versuergung vun den Net- COVID-19 Patienten .
Ëmmer méi Leit wenden sech un eis, Patiente Vertriedung asbl, wéinst der Problematik wat Besuchtsrecht vun hiren Léifsten an engem Spidol oder Alters- Fleegeheim ubelaangt.