Lettre ouverte à Madame la mInistre de la Santé : Droit de visite à l'hôpital et au foyer de soins
26.05.2020
Lëtzebuerg, den 27. Mee 2020
Öffentleche Bréif- Besuchsrecht am Spidol an Altersheem
Madamm Minister Lenert, Madamm Minister Cahen, Dir Dammen an Hären vun der Regierung, Dir Dammen an Hären vun der FHL,
D’Patiente Vertriedung asbl freet sech, dass eis Fuerderung no engem Begleetrecht wann een um Stierwen leit Rechnung gedroen an deementspriechend ëmgesat gouff. Genau wei och ons Fuerderung ,dass bei der Gebuert den Partner dierf dobäi sinn. An der Maternité ass d’Besuchsrecht och scho gelackert gi.
Mir erlaben ons op eng weider Fuerderung aus onsem éischten oppene Bréif zréckzekommen, an dat ass d’Fuerderung no enger klorer an transparenter Reegelung fir all Haus an all Spidol, dass Patienten an Bewunner rëm dierfen Besuch vun hiren Léiwsten an Familljen empfänken.
D’Patiente Vertriedung asbl gëtt all Dag vun Mënschen kontaktéiert, déi hier Familljememberen säit Wochen net méi gesinn hunn. Dëst ass fir béid Säiten eng ganz schwéier Situatioun. Et ass och fir déi mental Gesondheet vun den betraffene Leit net fërderlech wann se hier Famill esou laang net méi gesinn.
Et ass eis bewosst, dass et net einfach ass, Reegelungen opzestellen déi jidderengem gerecht gi an och d’Sécherheet vun jidderengem mat abezéien, mir appelléieren awer un Äert Versteesdemech fir all déi Bewunner an Patienten, déi eleng mussen bleiwen, ouni den Zousproch an den Reckhaalt vun hiren Familljen, eng Situatioun déi nëmmen schwéier ze erdroen ass.
Net nëmmen fir d’Patienten an d’Bewunner ass et eng schwiereg Situatioun, mee och fir d’Familljen selwer, wëll si sech hëlleflos fillen an d’Gefill hunn hir Léifsten am Stach ze loossen.
Dass zu enger Zäit wou et iwwerall un Schutzausrüstung gefeelt huet, d’Besuchsrecht ageschränkt gi ass, mécht an eisen An ganz vill Sënn. Déi Penurie Situatioun besteet eises Wëssens elo awer net méi. Och sinn Zuelen vun Neiinfektiounen hei am Land jo mëttlerweil ob engem ganz nidderegen Niveau. Geschäfter sinn erëm op, ab dëser Woch dierf een sech rëm ob eng Terrasse setzen goen, an ab dem Weekend an de Restaurant.
Dat sinn Moossnamen déi fir den Plaiséier fir d’Leit jo schéin a gutt sinn, mee mir als Patiente Vertriedung asbl fuerderen, dass och grad elo een Wee muss fonnt gi, fir dass een seng Famill am Spidol oder am Altersheim erëm dierf besichen goen.
Bis dato ass des Kris gutt gemeeschtert gi, dank Ärem , Madamm Minister Lenert an der Regierung, hirem onermiddlechen Asaz.
Mee hei geet et em dat psychescht Wuelbefannen vun villen Leit, an wou muss verhënnert gin, dass se mental ofbauen doduerch dass se keen Kontakt méi zur Aussewelt hunn. Natierlech muss dat Besuchsrecht déi néideg Mesuren a Virsiichtsmoossnamen anhalen fir déi vulnerabel Leit weider ze schützen.
Dofir d’Fuerderung vun der Patiene Vertriedung asbl, dass och fir Klinicken, d’Altersheimer an och Strukturen fir Leit mat engem Handicap, elo eng Lockerung vun den Mesuren muss kommen fir do och deene Leit erëm een Recht ob Kontakter mat hiren Léifsten ze erlaben!