Verhalenssüchte wéi exzessivt Gaming, onkontrolléiert Kafverhalen, Ofhängegkeet vu soziale Medien oder Aarbechtssucht trieden ëmmer méi heefeg op – an dat oft ouni datt d’Ëmwelt eppes dovun matkritt. Wat als onschëlleg Fräizäitbeschäftegung ufänkt, ka séier zu enger grousser Belaaschtung fir Betraffen an hir Famill ginn.
Mir invitéieren Iech häerzlech op eis gemeinsam Konferenz mam Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht (ZEV), wou mir dat wichtegt Thema net-stoffgebonnen Ofhängegkeeten aus verschiddenen Perspektive beliichten.
Datum: Mettwoch 14. Mee 2025
Auerzäit: 18:00 Auer
Plaz: Patiente Vertriedung Asbl
1b rue Thomas Edison L-1445 Strassen
D’Participatioun ass gratis.
Mellt Iech w.e.g. am Viraus un ënner: events@patientevertriedung.lu