Pressematdeelung : Problemer bei den COVID-19 Tester
D’Patiente Vertriedung asbl ass déi lescht Wochen ganz oft kontaktéiert ginn wéinst Problemer bei den Covid-Test-Resultater.
Et gëtt Fäll wou een en test heemgeschéckt kritt wou „légèrement“ positif“ oder “douteux”ass , wat bedeit, dass een net weess op Virusverbreedung am Kierper am Ufank oder um Een ass.
Ob Nofro beim Luxembourg Institute of Health, ass der Patiente Vertriedung asbl geroden gi de Leit dann ze soen se sollen innerhalb vun 24-48 Stonnen en neien Test maachen. Dëst fir een méi eendeitegt Resultat kënnen ze kréien.