Pressematdeelung : COVID-19 Tester fir medizinesch Visiten
D’Patiente Vertriedung asbl ass déi lescht Deeg ëmmer méi oft vun Patienten kontaktéiert gi, déi vun hirem Dokter gefrot gi sinn fir een negativ COVID-19 Testresultat ze hunn ier se an eng Consultatioun kennen kommen.
Ob ons Nofro hin beim Ministère vun der Santé, hu mir vun hinne matgedeelt kritt ,dass weder vum Ministère de la Santé, nach vun der Direction de la Santé esou eng Instruktioun un d’Dokteren erausgaangen ass, déi hinnen erlaabt hätt, Patienten déi keen negativen COVID Test virweisen kennen, net ze empfänken.