Entrevue mat der neier Ministesch fir d'Santé an d'Sécurité Sociale Martine Deprez

04.03.2024

D’Patiente Vertriedung Asbl hat en Freiden den 23.2.2024 eng éischt Entrevue mat der neier Ministerin fir Gesondheet an Sécurité Sociale, der Madamm Martine Deprez, fir iwert wichteg Themen ze schwätzen déi Patienten betreffen.


An desem positiven Austausch sin e puer Neierungen beschwat gin, déi der Patiente Vertriedung Asbl schon lang um Häerz leien an déi dem Patient an Zukunft sollen Virdeeler brengen, sou wéi ennert aanerem den Verbuet vun Amalgam-Fëllungen, dem Uschaafen vun engem zweeten Gerät fir d’Knochendichtemessung wat zu enger markanter Senkung vun der Waardezeit soll féieren, dem Weiderbrengen vun der Reform vun der Psychiatrie an dem Aféieren vun engem Tarif fir den Akt vun der Euthanasie.
D’ Madamm Minister war ganz open fir een weideren Austausch mat der Patiente Vertriedung Asbl an huet versechert, dass d’PV an Zukunft bei Dossier’en wou et em den Patientewuel geet, soll verstärkt mat agebonnen gin. Och steet der PV Diir emmer op fir den Ministère bei wichtegen Patienten-Themen ze kontaktéieren.



» Fotoen